D’Beruffer

Entdeckt Ären zukünftege Beruff bei eis

D’Spuerkeess ass déi Lëtzebuerger Bank, déi dat enkst Agencen-Netzwierk am Land huet. Als universal Bank proposéiert si eng komplett Gamm vun Servicer a Banken- esou wéi Finanz-Produkter. Hiren Service um Client deckt déi ënnerschiddlech Domäne wéi Kreditter, Investment-Fongen, Uleeën a Verwalte vu Verméigen wéi och Back- a Middle-Office-Servicer of. Eis „Clients“-Approche gëtt net nëmmen an de kommerziellen Domänen deklinéiert, mais och an all anere Funktiounen.

Fir en Service ze garantéieren, deen hirer Renommée entsprécht, stäipt sech d’Bank prioritär op den Engagement vun hire villsäitegen, flexibelen a komptetente Mataarbechter. Dës hu besonnesch villfälteg Profiller a maache vun hirem Sachverstand a folgende Beruffer Gebrauch:

  • D’Beruffer am Agencen-Netzwierk Si decken déi alldeeglech Bankgeschäfter, d’Kredit- a Steier-Produkter, de Private Banking, d’Berodung am Placement esou wéi d’Gestioun vun de Bedierfnesser vun de PMEen, of;
  • D’Beruffer am Kreditwiesen Si bezéien sech op d’Risquen-Analys an d’technesch Gestioun vun den Prêten-Produkter fir Privatleit, Entreprisen an institutionnel Clienten;
  • D’Beruffer, déi mat der Gestioun vun Investment- a Wäertfongen zesummenhänken Si erfuerderen technesch, geschäftlech a juristesch Kompetenzen, fir spezifesch Geschäfter an engem strikten, gesetzleche Kader ofzewéckelen.
  • D’Beruffer, déi mat de Finanzmäert zesummenhänken Si erfuerderen eng héich spezialiséiert Finanzexpertise, vun der Salle des marchés bis zu de Bezéiungen tëschent de Banken iwwert d᾽Gestioun vun institutionelle Clienten. Dës Aktivitéiten erfuerderen ausserdem Profiller, déi an der Risiko-Analys an am Back-office vun der Salle des marchés spezialiséiert sinn;
  • All Beruffer, déi mat den onverzichtbaren ënnerstëtzenden Aktivitéiten ze dinn hunn, déi eis Bank brauch. Dës sinn am Besonneschen d’Beruffer vun der Kontabilitéit, der Informatik, der Sécherheet, der Gestioun vum Bezuelen an der Gestioun vun de Wäertpabeieren, dem elekronesche Banking oder der Entwécklung vu Verkafsstrategien.