D’Beruffer, déi mat der Gestioun vun Investment- a Wäertfongen zesummenhänken

All Investmentfong ënnert lëtzebuergeschem Recht muss eng Depotbank ze Lëtzebuerg hunn, déi d’Opsiicht vun sengen Aktiva huet. E muss ausserdem e Wunnsëtz an seng Haaptverwaltung zu Lëtzebuerg hunn.

  • Den Agent vun der Depotbank këmmert sech ëm d’Gestioun vun de Beweegungen, déi sech op d’Wäertpabeieren, an déi de Fong investéiert huet, auswierken: d’Anhuele vun den Dividenden an Zënsen, Prêten a Kreditter op Wäertpabeieren…
  • Den Domiziléierungsagent stellt dem Fong e Wunnsëtz, dat heescht eng Adress, zur Verfügung a geréiert d’soziaalt Liewen. Hie steet dem Fong bäi bei alle legalen an obligatoreschen Démarchen, wéi d’Aberuffe vun den Assemblées générales an dem Conseil d’administration. Hie steet fir d’Ausféiere vun de gesetzleche Verëffentlechungen an zentraliséiert d’Dokumentatioun (Prospekter,...), fir de gesetzlechen Oplage gerecht ze ginn.

D’OST (Opérations sur Titres / Geschäfter mat Wäertpabeieren) bezeechent all Beweegung, déi während dem Bestoe vun engem Wäertpabeier optriede kënnen. Déi eng Zort trëtt u fixen Datumen op (Ausbezuele vun Zënsschäiner, Zeréckbezuelungen), déi aner ass exceptionell (Souscriptiounen, OPA, …) a meeschtens méi komplex. Verschidden OST betreffe Währungstransferten, meeschtens tëschent dem Émetteur vum Wäertpabeier an dem Porteur vum Wäertpabeier. Anerer bestinn am Tosch vu Wäertpabeieren ouni Boergeld. De Back-office Wäertpabeier ass zoustänneg fir d’Liquidatioun vum Kaf a Verkaf vu Wäertpabeieren, d’Franko-Transferten, d’Bezéiunge mat de Besëtzer vun de Wäertpabeieren, d’Hale vun an d’Beweegungen op d’Wäertpabeieren.