D’Carrièren

D’Carrièren bei der Spuerkeess

Wann Dir definitiv agestallt sidd, fänkt Dir Är Carrière u mat engem spezifesche Statut, dee gläichgestallt ass mat dem Statut vun de Staatsbeamten. Grad esou wéi d’Staats-Carrièren, sin eis Carrièren op d’Studiendiplomer baséiert, dat heescht:

  • De Groupe de traitement B1 entsprécht engem Studien-Niveau BAC, BAC +2;
  • De Groupe de traitement A2 entsprécht engem Bachelor-Studium (BAC +3);
  • De Groupe de traitement A1 entsprécht engem Master-Studium.

Dir kommt op der Carrièresleeder weider je nodeem, wéi staark Ären Engagement ass, wéi Dir Iech weider forméiert, wéi Äre Mobilitéitswonsch ass a wéi eng Responsabilitéiten Dir am Laaf vun Ärem professionelle Parcours bei der Bank iwwerhuele wëllt. D’Weiderkommen an der Carrière ass an enger Tabell festgeluecht, déi aus ënnerschiddlechen Etappen besteet.

Fir méi doriwwer ze wëssen, kënnt Dir d’Dokumenter iwwert d’ Statute vun de Spuerkeessbeamten eroflueden.