D’Aféierungsphas

Eng personaliséiert Aféierungsphas fir déi nei Mataarbechter

D’Spuerkeess mécht alles, fir Iech optimal z᾽integréieren, fir datt Dir séier operationell sidd, a fir vun Ufank un d’Mobilitéit, d’Flexibilitéit an den Asaz z’ënnerstëtzen. Mir wëllen Iech esou forméieren, fir datt Dir Äert ganzt Talent, Ären Dévouement an Är Kompetenzen an den Déngscht un eise Clienten stellt.

Jidfer neie Mataarbechter kënnt an de Genoss vun enger Aféierungsphas, déi folgend Elementer enthält:

  • en Empfangsdag, un deem Dir Äert Aarbechtsëmfeld kenneléiere kënnt. Hei ginn Iech déi praktesch Dispositioune vun Ärem Aféierungs-Stage esou wéi déi legal Verflichtungen am Detail matgedeelt.
  • e Pätter oder eng Giedel steet uechter de ganze Stage zu Ärer Verfügung. Hien/Si bereet Ären Aarbechtsposte vir, empfänkt Iech an der Agence oder am Service an ass fir d’Formatioun am Alldag an d’Aféierungsformatioun verantwortlech. Et ass dës Persoun, déi all Woch e Gespréich mat Iech féiert. De Pätter oder d’Giedel ass duerch seng/hir Disponibilitéit d’Referenzpersoun fir den Stagiaire a biergt fir eng gelongen Aféierung.
  • eng Equipe vum Service Gestion du Personnel huet den Optrag, fir d’Aféierungsstagë konstant ze verbesseren. Dës Equipe ass fir d’Integratioun, d’Betreiung vun de Stagiairen, de Pätteren a Giedelen zoustänneg, esou wéi fir déi verschidde Cheffe vun den neie Mataarbechter.