D’Virdeeler

D’Virdeeler vun enger Aarbecht bei der Spuerkeess

Carrière bei der Spuerkeess ze maachen, dat huet nëmme Virdeeler! Bei d’Virdeeler vum lëtzebuergesche Finanzsecteur selwer kommen nach besonnesch Konditiounen derbäi. Dës Konditioune schafen Iech en agreabelt Aarbechtsëmfeld, Méiglechkeeten, fir op der Carrièresleeder weiderzekommen, an exklusiv Virdeeler.

E personaliséierten Aféierungsprogramm. Bei der Spuerkeess gitt Dir systematesch vun engem Pätter oder enger Giedel esou laang begleet, wéi Äre Stage dauert. Während dëser Aféierungsphas droen och regelméisseg Gespréicher zu enger besserer Integratioun an Är Equipe bäi.

Eng ganzheetlech a permanent Formatioun. Är Selbstverwierklechung an déi kollektiv Kompetitivitéit leien eis um Häerz. Dofir proposéiere mir Iech fir all Etapp vun Ärer Carrière Formatiounen, déi un Äert Weiderkomme bei eis adaptéiert sinn.

Eng grouss intern Mobilitéit, déi d’Weiderkomme vun Ärer Carrière vereinfacht. D’Spuerkeess privilégiéiert déi intern Mobilitéit, fir datt Dir erausfanne kënnt, wéi een Departement a wéi eng Aktivitéiten um beschten Ären Talenter an Ären Ambitiounen entspriechen.

D’Diversitéit vun de Beruffer. Als universal Bank huet d’Spuerkeess d’Méiglechkeet, Iech Carrièresméiglechkeeten an deenen ënnerschiddlechste Beruffer z’offréieren. Bei eis gëtt et zwangsleefeg dee Beruff, deen Ären Ambitiounen entsprécht.

E flott Ëmfeld. Nieft enger gudder, alldeeglecher Aarbechtsambiance, maache mir alles, fir datt sech eis Mataarbechter wuel fillen. Dat heescht konkret, datt mir e Fitness-Sall hunn, Gesondheetsaktiounen organiséieren, Personalfeieren oder aner Aktivitéiten, déi vun eisem Cercle Amical, Culturel et Sportif organiséiert ginn, an d’Liewe ruffen.

Staark Wäerter. Zënter méi wéi 150 Joer ass d’Spuerkeess eng Institutioun, déi sech hirer sozialer a wirtschaftlecher Verantwortung bewosst ass. Dëst dréckt sech an engem Engagement vis-à-vis vun eise Mataarbechter, eise Clienten an der Gesamtheet vun der lëtzebuergescher Gesellschaft aus. ( Charte Corporate Social Responsibility).

Exklusiv Bankenavantagen. Eis Mataarbechter profitéiere vun enger Rei vun avantagéisen Tariffer op eenzelnen Servicer an attraktive finanziellen Avantagen.