D’Formatiounen

Formatiounen, déi un all Etapp vun Ärer Carrière ugepasst sinn

D’Formatioun ass den noutwennege Moteur vun der kollektiver Kompetitivitéit an och vun der perséinlecher Entfaltung. Dowéinst investéiert d’Spuerkeess enorm an dësen Domän, fir et Iech z’erméiglechen, während Ärer ganzer Carrière bei eis weiderzekommen. No enger intensiver Aféierungsformatioun, proposéiert Iech d’Bank e personaliséierte Formatiounsplang, ugepasst un d’Bedierfnesser vun Ärer Plaz an Ären eegenen Ambitiounen.

D’Aféierungs-Formatioun

Ugepasst un Är Studien an d’Aarbecht, déi Dir bei eis ausféiere wäert, bénéficiéiert Dir vun enger Stagedauer vu maximal zwee Joer. Während dëser Zäit hutt Dir d’Méiglechkeet, fir u Formatiounen iwwert folgend Themen deelzehuelen:

  • déi allgemeng Bankentechniken;
  • Themen, déi mam Service, an dem Dir schafft, ze dinn hunn;
  • D’tëschemënschlech Bezéiungen op der Aarbecht, och Soft-skills genannt.

Déi zukünfteg Mataarbechter aus der Carrière supérieure (Master) schaffe während ongeféier sechs Méint op engem konkrete Projet, dee mat engem schrëftleche Mémoire ofgeschloss gëtt.

D᾽Formation continue

An Äre regelméissege Gespréicher hutt Dir d’Méiglechkeet, fir Äre Wonsch no Formatiounen auszedrécken. Dës Formatioune ginn entweder intern oder vun externen Organisatioune gehalen. De Formatiounsplang, deen individuell fir all Mataarbechter opgestallt gëtt, begräift esouwuel d’Soft-skills, wéi och technesch Kompetenzen, déi direkt oder indirekt mam Bankeberuff ze dinn hunn.