D’Spuerkeess stellt op all Niveau an, dat heescht souwuel Kandidate mat ofgeschlossener Première oder Treizième, wéi och Kandidate mat engem Bachelor- oder Master-Niveau.
Am Prinzip kucke mir eis all Kandidaturen un. Mais mir privilégiéieren natierlech Diplomer am Finanz-, Wirtschafts- an Droitberäich. Dat gëlt och fir d’Diplomer vu BAC, Bachelor oder Master. D’Spuerkeess offréiert eng Verschiddenheet vu Beruffer an alle Banken- a Finanzberäicher.
Selbstverständlech ginn och déi aner Diplomer berücksichtegt. Zum Beispill ginn d’Informatiksdiplomer opmierksam studéiert, wa se a Fro kommen, fir Plazen an eisen Informatikservicer ze besetzen.
All auslänneschen Diplom muss am Titelregëster (registre des titres) ageschriwwe sinn. Fir Ären Diplom unerkennen ze loossen, klickt op de Link fir op d’Internetsäit vum CEDIES.
Neen, Dir musst net iwwert de Staatsexamen an d’Spuerkeess erakommen. Als autonoomt Etablissement huet d’Spuerkeess hir eegen Astellungsprozedur. D’oppe Plaze ginn iwwert dës Internetsäit verëffentlecht.
Mir sinn eng Bank, déi iwwert e grousst Agencen-Netzwierk verfüügt. Dohir ass et immens wichteg, fir d’lëtzebuergesch Sprooch schwätzen ze kënnen. Dat gëlt ganz besonnesch fir déi Plazen, déi direkt am Kontakt mam Client sinn. Fir d’Analyse-, Back-office- oder méi technesch Beruffer ass d’Schwätze vun der Landessprooch net esou wichteg. Mais d’Ëmgankssprooch bei der Spuerkeess ass Lëtzebuergesch.
Neen, iwwerhaapt net. D’Spuerkeess ass oppe fir all Nationalitéit. D’Diversitéit ass eng vun den Haapt-Kennzeeche vun hirer Personalpolitik.
Et läit eis um Häerzen, fir Iech d’Ofgi vun Ärer Demande esou einfach wéi méiglech ze gestalten. Mir recommandéieren Iech, Är Demande online eranzeginn. Dofir luede mir Iech an, eis Rubrik MyApplication op dëser Internetsäit unzekucken. Wann Dir Är Demande online stellt, kënnt Dir och de Verlaf vun Ärer Demande bei eis verfollegen.
Fir den Ufank ginn eng Demande an Ären Online-CV duer. D’Kopië vun den Diplomer sinn net onbedéngt erfuerderlech, wann Dir Iech bei eis mellt. Méi spéit an der Astellungsprozedur gitt Dir si awer gefrot.
Dir kritt en „accusé de réception“, esou bal wéi Är Kontaktdaten an eiser Datebank gespeichert goufen. All Moment hutt Dir d’Méiglechkeet, fir de Verlaf vun Ärer Demande an der Rubrik „Myapplication“ ze verfollegen.
D’Entscheedungsdauer hänkt vu verschiddene Facteuren of: de Profil, dee gesicht gëtt, d’Unzuel vun Demanden, déi ageschéckt goufen, d’Unzuel vu Kandidaten, déi eise Critèren entspriechen, d’Unzuel vu Gespréicher asw.
Wann Är Demande ausgewielt gëtt, da gesäit d’Astellungsprozedur am Prinzip zwee Gespréicher a verschidden Astellungstester fir. Déi ofschléissend Entscheedung hëlt d’Commission de recrutement. Mir deelen Iech dës Entscheedung esou séier ewéi méiglech mat.
Natierlech, mir studéieren opmierksam Är spontan Demanden. Mir roden Iech awer, fir regelméisseg eis oppe Plazen op dëser Internetsäit ze kucken an op dës oppe Plazen ze postuléieren.
D’Spuerkeess stellt lafend nei Mataarbechter an. Dohir kënnt Dir zu all Moment postuléieren.