17 nei Mataarbechter fänken hir professionell Carrière bei der BCEE un a mir heeschen si all häerzlechst Wëllkomm! Mat dësen Recrutementer verstäerkt d’Bank hir Équipen am Réseau vun den Agencen an vu verschiddenen Zerwisser considérabel a kann esou de Service um Client nach weider verbesseren.
D’Editioun 2013 vun der Réunion Européenne des Etudiants Luxembourgeois (REEL) ass just riwwer an d’Studenten aus de 4 Ecker vun Europa sinn zréck vu Stroossbuerg an hiren respektiven Studentestiet. D’BCEE, de privilegéierte Partner vun de Studenten huet, genee wei déi Joren virdrun, och dëst Joer rëm dat wichtegst Evenement am studentesche Kalenner ënnerstëtzt a war zu Stroossbuerg vertrueden.
D’Spuerkeess, den privilegéierte Partner vun de Studenten ass rëm, wei déi Joren virdrun op der Réunion Européenne des Etudiants Luxembourgeois (REEL vertrueden, die dëst Joer zu Stroossbuerg stattfënnt.
D’Spuerkeess heescht seng 5 nei Mataarbechter Wëllkomm, déi haut bei eis op der Bank ufänken. Si wäerten an eisem Agence-Réseau, an eisem Comptabilitéit-Service, am Service informatique, respektiv am Service “Organisatioun” affektéiert ginn.
Fir seng Équipen weider ze verstäerken mam Zil, de Service um Client permanent ze verbesseren, huet d'BCEE 9 nei Mataarbechter fir den Réseau d'Agences an seng intern Zerwisser agestallt.
La BCEE souhaite la Bienvenue aux nouveaux collaborateurs qui ont débuté aujourd'hui au sein de notre Banque. Ils seront affectés à notre réseau des agences, à différents services, et certains d’entre eux participent au programme « Pool GDP », qui leur fait découvrir plusieurs entités de la Banque.
D'Spuerkeess huet hir Dieren opgemaach fir enge 60 jonke Leit, déi spannend Beruffer am Agence-Réseau méi nozebréngen. Den Entdeckungsnometteg vun de kommerzielle Beruffer, deen fir 3. Kéier organiséiert gouf, war déi perfekt Geleeënheet fir jonk Mataarbechter kennenzeléieren, déi vun den villem Facetten vun hieren Aarbechtsalldag erziele konnten.
D’Spuerkeess heescht seng nei Mataarbechter Wëllkomm, déi an de läschte Wochen bei eis op der Bank ugefaangen hunn. Si wäerten an eisem Agence-Réseau an a verschiddene Servicer affectéiert ginn. Puer vun hinnen huelen um Programm “Pool GDP” deel, deen hinnen wäert erméiglechen, ënnerschiddlech Beräicher vun der Bank kennenzeléieren.
Mir invitéieren Dech op en Nomëtteg fir déi kommerziell Beruffer an der Spuerkeess z’entdecken, an zwar den 2. Juli 2013.
Méi Infos an Aschreiwung hei ››
D‘Spuerkeess wënscht jidderengem, deen am Moment mam Premières- oder Treizièmesexamen amgaangen ass, ganz vill Succès!