News & Events

  • 15. Oktober 2012 : Merci den Participants vun der REEL 2012 !

    D’Spuerkeess war och dëst Joer op der REEL (Réunion Européenne des Étudiants Luxembourgeois) présent, déi vum 11. bis den 14. Oktober 2012 zu Oochen stattfonnt huet. Mir soen den Organisateuren Merci fir déi exzellent Zesummenaarbecht an de sympatheschen Accueil an e Merci un alleguer d’Studenten fir den interessanten Austausch. Nächst Geleeënheet fir déi zukënfteg Diploméiert, d’Mataarbeschter vun eisen Ressources humaines ze begéinen an hinnen all hir Froen ze stellen,  ass d’Foire de l‘Étudiant, déi vum CEDIES organiséiert gëtt. Rendezvous also vum 15. bis den 16. November 2012 an der Luxexpo um Kierchbierg!

  • 10. Oktober 2012: Trefft eis zu Oochen

    D’Spuerkees, den privilegéierte Partner vun de Studenten, ass rëm op der Réunion Européenne des Etudiants Luxembourgeois (REEL vertrueden, die dëst Joer zu Ooche stattfënnt. Lauschtert den Explikatiounen vun eisen Mataarbechter op der Présentatioun no, die de Freideg, 12. Oktober um 16:25 Auer am Tivoli (Stadion) ass a begéint eis op der uschleißender Receptioun. Mir sinn do fir op all är Froen ze äntwerten. Mir freeën eis, Iech op der REEL 2012 ze begéinen!

  • 01.10.2012 - Wëllkomm eisen neie Mataarbechter

    D’Spuerkeess heescht seng 11 nei Mataarbechter Wëllkomm, déi haut bei eis op der Bank ufänken. Si wäerten an eisem Agence-Réseau, an eisem Comptabilitéit-Service, am Service juridique, an der Salle de marché, am Service vun den elektronesche Produiten, respektiv am Service “Organisatioun” affektéiert ginn.

  • 3. September 2012: 9 néi Mataarbechter fir d'BCEE

    Fir seng Équipen weider ze verstäerken mam Zil, de Service um Client permanent ze verbesseren, huet d'BCEE 9 nei Mataarbechter fir den Réseau d'Agences an seng intern Zerwisser agestallt.

  • 1. August 2012: Wëllkomm eisen neie Mataarbeschter

    D’Spuerkeess heescht seng 3 nei Mataarbechter Wëllkomm, déi haut bei eis op der Bank ufänken.

  • 3. Juli 2012: Entdeckungsnometteg vun de kommerzielle Beruffer

    D'Spuerkeess huet hir Dieren opgemaach fir enge 60 jonke Leit, déi spannend Beruffer am Agence-Réseau méi nozebréngen. Den  Entdeckungsnometteg vun de kommerzielle Beruffer, deen fir 2. Kéier organiséiert gouf, war déi perfekt Geleeënheet fir jonk Mataarbechter kennenzeléieren, déi vun den villem Facetten vun hieren Aarbechtsalldag erziele konnten.

  • 29. Juni 2012 - Pressekonferenz: Mylittlebigstep.lu

    D’Spuerkeess huet viru kuerzem d ‘lëtzebuerger Presse an Vertrieder vun de Studentencercelen invitéiert, fiir an engem flotte Kader am Restaurant EXKI dësen neien Internetsite fiir Recrutement virzestellen.

  • Wëllkomm op eisem neien Internetsite

    Du stees virun enger neier Etapp an dengem Liewen, du intresséiers dech fir déi spannend Beruffer am Bankesecteur... mir heeschen dech Wëllkomm um neien Internetsite fir Recrutement vun der Spuerkeess.

  1. 1
  2. ...
  3. 9
  4. 10
  5. 11
  6. 12
  7. 13
  8. 14
  9. 15
  10. 16