News & Events

  • Jugend Job Dag 2015

    Den 23. Abrëll huet Spuerkeess un der 3. Editioun vum « Jugend Job Dag 2015 » an der aler Seeërei zu Dikrich Deel geholl. 

  • Your Future, Your Choice

    De 27. März huet Spuerkeess un dem Projet « Your Future, your Choice » Deel geholl am Lycée technique zu Ettelbrëck.

  • Visite vum Lycée privé Fieldgen

    De 25. März huet Spuerkeess eng Rei Schüler aus dem Fieldgen emfaangen

  • 1. Abrëll 2015: 5 néi Mataarbechter fir d'BCEE

    D’Spuerkeess heescht seng 5 nei Mataarbechter Wëllkomm, déi bei eis op der Bank ugefaangen hunn.

  • 2. Februar 2015: 2 néi Mataarbechter fir d'BCEE

    Fir seng Équipen weider ze verstäerken mam Zil, de Service um Client permanent ze verbesseren, huet d'BCEE 2 nei Mataarbechter fir seng informatesch  Zerwisser agestallt.

  • Wirtschaftsingénieur – firwat net op eng Bank ?

    Viru kuerzem huet d’Spuerkeess Studenten an den Disziplinnen “Wirtschaftsingénieur” an “Ingénieur commercial” op en flott Iessen invitéiert, fir hinnen déi verschidden Beruffsméiglechkeeten op enger Bank virzestellen. Déi ekonomesch  Kenntnisser, kombinéiert mat den techneschen Kompetenzen kennen eng réel Plusvalue fir eng Bank bréngen an déi jonk Studenten hunn d’Spuerkeess als en interessanten, potentiellen Employeur entdeckt.

  • Januar 2015 : Wëllkomm eisen neie Mataarbechter

    D’Spuerkeess heescht seng 6 nei Mataarbechter Wëllkomm, déi bei eis op der Bank ugefaangen hunn. Si goufen an eisem Agence-Réseau, respektiv an internen Zerwisser affektéiert.

  • Invitatioun

    Dir studéiert “Wirtschaftingénieur”, “Wirtschaftsinformatik” oder “Ingénieur commercial” a fänkt un, Iech Gedanken iwwert Är beruflech Zukunft ze maachen? Dir kënnt Iech net onbedengt virstellen, spéider op enger Bank ze schaffen? Mir wëllen Iech weisen, dass et grat mat Ären Diplom interessant a spannend Méiglechkeeten op enger Bank ginn. 

    Dofir  invitéiert d'Spuerkeess Iech ganz häerzlech, den 5. Januar  2015 vun 11:30 Auer un, un engem Iessen deelzehuelen.

  • Trefft eis zu München

    D’Spuerkeess, den privilegéierte Partner vun de Studenten ass rëm, wei déi Joren virdrun op der Réunion Européenne des Etudiants Luxembourgeois (REEL vertrueden, die dëst Joer zu München stattfënnt. Lauschtert den Explikatiounen vun eisen Mataarbechter op der Présentatioun no, die de Freideg, 17. Oktober um 15:30 Auer) ass a begéint eis op der uschleißender Receptioun. Mir sinn do fir op all är Froen ze äntwerten. Mir freeën eis, Iech op der REEL 2014 ze begéinen!

  • 1. Oktober 2014 : Wëllkomm eisen neie Mataarbechter

    D’Spuerkeess heescht seng nei Mataarbechter Wëllkomm, déi elo  bei eis op der Bank ugefaangen hunn. Si wäerten a verschiddene Servicer affectéiert ginn, an der Informatik, bei de Fonds d’investissement, an der Comptabilitéit souwéi am Service vun der Administratioun vun den Marchés financiers.

  1. 1
  2. ...
  3. 3
  4. 4
  5. 5
  6. 6
  7. 7
  8. 8
  9. 9
  10. 10
  11. 11
  12. 12
  13. 13
  14. 14
  15. 15