« Revenir à la liste des actualités
D’Association des Cercles d’Etudiants Luxembourgeois (ACEL) huet déi néi Editioun vun hirem “Guide du Futur Etudiant” bei enger Pressekonferenz an de Raimlechkeeten vun der Spuerkeess, hirem offizielle Partner, virgestallt.
"De “Guide du Futur Etudiant” stellt Unisstied aus 12 verschiddene Länner vir, ëmmer en Fonctioun vum Besoin vum zukënftegen Student. Et fënnt een alles an enger eenzeger Publikatioun an et kritt een op folgend Froen geäntwert: Wei eng Uni-Etablissementer ginn et iwwerhaapt? Wei kann ech mech aschreiwen? – de Lieser kann d‘Spécificitéiten vun de verschiddene Stied entdecken: Wei fannen ech eng Wunneng? Gett et e Studentevéirel? Wat kascht de Loyer? – de Guide informéiert och iwwert méi speziell Aspekter an liwwert Informatiounen zum Studenteliewen an zu de verschiddene Studentencercelen.
De “Guide du Futur Etudiant” ass eng eenzegaarteg Publikatioun, duerch d‘Mathëllef vun de Studentencercelen sinn all d’‘Informatiounen aus éischter Hand. Nieft de prakteschen Informatiounen fënnt een verschidde Méiglechkeeten, de Studentencercel ze kontaktéieren. Nieft dësem perséinleche Kontakt ass de Cercle dofir do, den jonke Student bei den éischten Obstaclen am Uniliewen ze begleeden, an éischt Frëndschaften entstoen ze loossen.
De “Guide du Futur Etudiant” riicht sech virun allem un d’Schüler vun den Terminalklassen, ma och un déi Studenten, déi an enger neier Staat weiderstudéiere wëllen an u jiddereen, deen um Studenteliewen interesséiert ass". (Nom Pressecommuniqué vun der ACEL).
De Guide ass ab elo gratis an all Spuerkeess-Agence ze kréien.