« Revenir à la liste des actualités
D’Editioun 2013 vun der Réunion Européenne des Etudiants Luxembourgeois (REEL) ass just riwwer an d’Studenten aus de 4 Ecker vun Europa sinn zréck vu Stroossbuerg an hiren respektiven Studentestiet. D’BCEE, de privilegéierte Partner vun de Studenten huet, genee wei déi Joren virdrun, och dëst Joer rëm dat wichtegst Evenement am studentesche Kalenner ënnerstëtzt a war zu Stroossbuerg vertrueden. Mir hunn den zukënftegen Diploméierten nogelauschtert an hunn hinnen déi villsäiteg Facetten vun de Beruffer op der Spuerkeess virgestallt. Mir félicitéieren de Comité fir déi exzellent Organisatioun vun der REEL 2013 an soen all de Participante Merci fir dee frëndlechen Empfank!