« Revenir à la liste des actualités
Den 16. Februar 2013 ass déi 30. Editioun vun der Rencontre Entreprises Etudiants, organiséiert zesummen vun de Studentenorganisatiounen ANESEC an ANELD.
Kommt op de Stand vun der BCEE fir all Informatiounen iwwert de Recrutement bei der Spuerkeess ze kréien. Begéint eis Recruteuren, déi iech en direkte Feedback zu ärem CV an ärer Lettre de motivation ginn an iech individuell är Méiglechkeeten op der Spuerkeess presentéieren. Eis Mataarbechter stinn zu ärer Verfügung vun 14:00 bis 18:00 Auer an der Chambre de commerce um Kierchbierg.
Mir freeën eis, Iech kennenzeléieren!