« Revenir à la liste des actualités
D’Editioun 2015 vun der Réunion Européenne des Etudiants Luxembourgeois (REEL) ass just riwwer an d’Studenten aus de 4 Ecker vun Europa sinn zeréck vun Tréier an hiiren respektiven Studentestiedt. D’BCEE, de privilegéierte Partner vun de Studenten huet, genee wei déi Joeren virdrun, och dëst Joer rëm daat wichtegst Evenement am studentesche Kalenner ënnerstëtzt a war zu Tréier vertrueden. Mir hun den zukünftegen Diploméierten nogelauschtert an hinnen déi villsäiteg Facetten vun de Beruffer op der Spuerkeess virgestallt. Mir félicitéieren dem Comité fir déi exzellent Organisatioun vun der REEL 2015 an soen all de Participanten merci fir de frëndlechen Empfank!