News & Events

« Revenir à la liste des actualités

18. Februar 2013: D’Spuerkeess, offizielle Partner vun der ACEL

18. Februar 2013: D’Spuerkeess, offizielle Partner vun der ACEL

 

D’Spuerkeess huet de Parnerschaftskontrakt mat der ACEL, dem gréisste lëtzebuerger Studentevertrieder erneiert.

Zanter méi wei 10 Joer ënnerstëtzt d’Spuerkeess d’Studentenassociatioun als offizielle Partner. Dëst Partenariat ass dobäi méi wei einfache Sponsoring. Esou ginn z.B. d’Publicatiounen “Guide du Futur Etudiant” an “Guide du Futur Diplômé” an den Agencen vun der BCEE gratis verdeelt. Ausserdeem organiséieren déi 2 Partner regelméisseg Evenementer fir Studenten.

Bei der Ënnerschrëft vum Kontrakt a Präsenz vun der ACEL-Presidentin Melanie ELSEN huet d’Madame Françoise Thoma, Direkter a Member vum Direktiounscomité folgendes bemierkt: “Et ass der Spuerkeess ganz wichteg, d’Studenten net nëmmen finanziell z’ënnerstëtzen, mee och doduercher, dass  mer der ACEL zur Säit stinn. Et ass effektiv esou, dass jonk Leit während hire Studien net nëmmen Wëssen accumuléieren fir e spéideren Job, mee ausserdeem sozial a kulturell Erfahrungen maachen a Relatiounen opbauen, déi oft e Liewe laang halen an déi jonk Leit wierklech méi räich maachen. Esou hëlleft d’ACEL déi aktiv Generatioun vu muer ze preparéieren. D’Spuerkeess begleet des fundamental Missioun voller Enthusiasmus an Iwwerzeegung.”

D’Madame Melanie Elsen ënnersträicht d’Wichtegkeet vun dëser Partnerschaft fir d’ACEL:“En zouverlässegen an treien Partner erlaabt eis, an aller Autonomie fir eis Member-Cerclen ze schaffen. Am Numm vun den 10.000 Studenten déi mer vertrieden, soen ech der Spuerkeess Merci fir hir finanziell a logistesch Ënnerstëtzung.”

Mat der Erneierung vun dësem Kontrakt weist d’Spuerkeess hiren Usproch, privilegéierte Partner vun de Jonke ze sinn an Referenzbank fir all Student. Mat Axxess-UNIF offréiert d’BCEE e gratis Bankproduit mat ville bancaire an extra-bancaire Avantagen fir Studenten.

Ausserdeem stellt d’Bank weiderhin jonk Leit an, déi eng professionell Carrière voller Méiglechkeeten sichen a dësen Internetsite mylittlebigstep.lu regroupéiert all Informatiounen zu de Beruffer op enger Bank.

D’Spuerkeess ënnerstëtzt ausserdeem nach aner Studentencercelen, z.B. vu Bréissel, Stroossbuerg, Paräis, München, Montpellier asw an ass och rëm Partner vun der REEL, déi vum 10. bis den 13. Oktober zu Stroossbuerg ass.