News & Events

« Revenir à la liste des actualités

21. März 2013 : Wien weess am Meeschten ?

21. März 2013 : Wien weess am Meeschten ?

Viru kuerzem huet eng Équipe sech op Stroossbuerg gemaach fir d‘Allgemengwëssen an d’Cleverness vun de Studenten op de Stroossbuerger Unien ze testen.   90 motivéiert a gutt informéiert Studenten hunn sech an hirem Stammcafé getraff fir de Quizowend vun der Spuerkeess. An Équipen vun 3 bis 5 Memberen hunn d’Leit Froen zum Allgemengwëssen, zum Divertissement an zu de Produkter vun der Bank beäntwert. Déi Bescht a wierklech Championen waren d’Memberen vun der Équipe Aficionados déi 100€ op de Kapp gewonnen hunn. Mee dësen Owend goufen et keng Verléierer... vill aner flott Präisser goufe verspillt an bei engem gemittlechen Patt an e puer Schnittercher konnten d’Studenten en agréabelen Owend verbréngen. An natierlech huet och deen een oder aneren vun den zukënftegen Diploméierten vun der Geleeënheet profitéiert an all seng Froen zu de Beruffer an de Carrièrméiglechkeeten op der Spuerkeess gestallt.