News & Events

« Revenir à la liste des actualités

25. Oktober 2012 : D’Spuerkeess ënnerstëtzt de Projet DayCARE

25. Oktober 2012 : D’Spuerkeess ënnerstëtzt de Projet DayCARE

Fir déi éischte Kéier huet d’BCEE um Programm vum Projet DayCARE vun der karitativer Associatioun CARE partizipéiert. An dësem Kontext huet d’Bank während engem ganzen Dag 10 Schüler vu verschiddene Lycéeën vu Lëtzebuerg emfaangen. Fir déi professionell Orientéierung vun de Schüler ze vereinfachen, huet d’BCEE deene Jonken verschidden Facetten vun de passionanten Beruffer an enger universaler Bank z’entdecke ginn. Sou konnten d’Schüler ënner anerem 2 Agencen besichen, dorënner déi fuschnei Agence um leschten technologesche Stand an der Belle-Etoile. Déi Jonk konnten och d’Beruffer vun den Titren gesinn an de Backoffice vun den Finanzprodukter. Am Nomëtteg hunn d’Schüler u verschiddene Sujeten geschafft, déi d’Stellung vun der Bank um Marché vun den Jonken an den Accueil am Réseau vun den Agence verbessere soll.    D’Rémunératioun fir déi jonk Mataarbechter fir een Dag kennt integral engem Projet fir d’professionnell Insertioun vu Flüchtlingen zu Dadaab am Kenia zegutt. Esou kombinéiert de Projet DayCARE verschidden Aspekter vum sozialen Engagement a passt dowéinst gutt bei d’RSE-Politik vun der Spuerkeess.