News & Events

« Revenir à la liste des actualités

26/11/2012: Business-Day op der BCEE

26/11/2012: Business-Day op der BCEE

2012 war d’Spuerkeess rëm ënnert de Partner vum Business-Day, organiséiert vun der Chambre de commerce. 30 Studenten an der Économie oder Gestioun vun der Uni Lëtzebuerg hunn d’BCEE besicht fir déi spannend Beruffer op enger universaler Bank z’entdecken. Déi Jonk kruten Tonnen Informatiounen iwwert Karrièresméiglechkeeten, iwwert d’Astellungs-Prozedur, iwwert d’Formatioun an iwwert d’Villfältegkeet vun de Beruffer. A wie weess, vläischt ass jo geschwënn deen een oder anere vun hinnen ënnert eise Mataarbechter. Op jiddwer Fall wënsche mir hinnen weiderhin vill Erfolleg bei hirem Studium.