News & Events

« Revenir à la liste des actualités

3. Juli 2013: Entdeckungsnometteg vun de kommerzielle Beruffer

3. Juli 2013: Entdeckungsnometteg vun de kommerzielle Beruffer

D'Spuerkeess huet hir Dieren opgemaach fir enge 60 jonke Leit, déi spannend Beruffer am Agence-Réseau méi nozebréngen. Den  Entdeckungsnometteg vun de kommerzielle Beruffer, deen fir 3. Kéier organiséiert gouf, war déi perfekt Geleeënheet fir jonk Mataarbechter kennenzeléieren, déi vun den villem Facetten vun hieren Aarbechtsalldag erziele konnten. Mee och d‘Spezialisten vum Recrutement waren op der Platz fir z’informéieren an hunn Tuyauen ginn, wei eng gutt Kandidatur soll ausgesinn. Déi Jonk konnten souguer bei enger Simulatioun en Virstellungsgespréich trainéieren. De ganze Mëtteg konnten d'Schüler a Studenten an engem flotten, labbere Kader Äntwerten op all hir Froen kréien. No dësem Succès steet enger nächster Editioun 2014 näischt méi am Wee.