News & Events

« Revenir à la liste des actualités

8. Juli 2013 : Wëllkomm eisen neie Mataarbechter

8. Juli 2013 : Wëllkomm eisen neie Mataarbechter

D’Spuerkeess heescht seng nei Mataarbechter Wëllkomm, déi an de läschte Wochen bei eis op der Bank ugefaangen hunn. Si wäerten an eisem Agence-Réseau an a verschiddene Servicer affectéiert ginn. Puer vun hinnen huelen um Programm “Pool GDP” deel, deen hinnen wäert erméiglechen, ënnerschiddlech Beräicher vun der Bank kennenzeléieren.

Um éischten Dag kruuten déi nei Kollegen vum Service Ressources Humaines de Fonctionnement vun der Bank erkläert a si begleet ginn bei enger Rei administrativen Démarchen. Dono sinn déi nei Mataarbechter an hirer Agence respektiv an hirem Service emfaangen ginn. Mir wënschen eisen neien Kollegen vill Erfolleg an Zefriddenheet bei hirem neien Job!