« Revenir à la liste des actualités
Du bass just fäerdeg mat dengem Premières- oder Treizièmesexamen, oder mam Bachelor an der Économie oder an de Finanzen?
Du bass voller Enthusiasmus an mega motivéiert eng nei Etapp an dengem Liewen ze huelen, Du bass gären a Kontakt mat anere Leit, Du bass sozial a kommunikativ... dann komm elo an d’Spuerkeess fir déi passionant Beruffer an eisem Réseau vun den Agencen z’entdecken.
Mir invitéieren Dech op eise Après-midi découverte, déi den Dënschden, den 2. Juli 2013 am Musée vun der Spuerkeess (1, place de Metz, L-2954 Lëtzebuerg) stattfënnt.
Du hues déi eemoleg Geleeënheet, eis jonk Kollegen kennen ze léieren, déi déi verschidden Facetten vun hirem Beruff virstellen.
Du kriss Äntwerten op all Deng Froen, an dat an engem relaxe Kader.
Zesummen simuléiere mer Astellungsgespréicher a mir ginn der gudd Tuyauen fir däin Kandidaturdossier (CV, Lettre de motivation, ...). D’Mataarbechter vun den Ressources humaines informéieren Dech iwwert eis Sélectiouns-Critèren an Démarchen am Recrutement.
D’Participatioun engagéiert Dech zu näischt an ass natierlech gratis.
Profitéier also schreif Dech haut nach an, d’Platzen sinn limitéiert.
D‘Aschreiwung ass online.
WICHTEG:
D‘Aschreiwung ass individuell an op, soulaang Platze fräi sinn.
Du gëss Deng Coordonnéeë gefrot, fir Dech anzeschreiwen.
Soubal Deng Aschreiwung validéiert ass, kriss Du per Mail eng Confirmatioun.
Fir all weider Froen, kanns Du eis um (+352) 4015 2074 oder per Mail kontaktéieren.