News & Events

« Revenir à la liste des actualités

Invitatioun

Invitatioun

Dir studéiert “Wirtschaftingénieur”, “Wirtschaftsinformatik” oder “Ingénieur commercial” a fänkt un, Iech Gedanken iwwert Är beruflech Zukunft ze maachen? Dir kënnt Iech net onbedengt virstellen, spéider op enger Bank ze schaffen? Mir wëllen Iech weisen, dass et grat mat Ären Diplom interessant a spannend Méiglechkeeten op enger Bank ginn. 

Dofir  invitéiert d'Spuerkeess Iech ganz häerzlech, den 5. Januar  2015 vun 11:30 Auer un, un engem Iessen deelzehuelen. 

Dir begéint do Vertrieder vun verschiddene Métier‘en, déi Iech en exklusiven Abléck an de Fonctionnement vun der Bank bidden an Iech informéieren iwwert déi divers Beruffsméiglechkeeten mat Ärem Diplom bei engem renomméierten lëtzebuerger Patron ginn. 

An enger flotter Atmosphär an engem gudden  Iessen stelle mer Iech déi ënnerschiddlech Méiglechkeeten op  der Spuerkeess vir a beäntweren Iech all Är Froen. 

Ergräift des Geleeënheet a mellt Iech nach haut iwwert oder iwwert den 4015-2023 un. D'Plaze sinn limitéiert! D'Participatioun ass natierlech gratis an engagéiert Iech zu näischt. 

Mir freeën eis, Iech am Januar ob der Spuerkeess bei eis ze begréissen.