« Revenir à la liste des actualités
Den 23. Abrëll huet Spuerkeess un der 3. Editioun vum « Jugend Job Dag 2015 » an der aler Seeërei zu Dikrich Deel geholl. Des Foire gouf organiséiert tëscht der Nordstadjugend a.s.b.l. , den zwee Jugendhaiser Dikrich an Ettelbréck an dem SNJ.
Et geet drëms Jonker tëscht 16 an 26 Joer ze sensibiliséieren fir aktiv ze ginn, a Kontakt ze trieden mat verschiddenen Patron’en an sech ze informéieren iwwert d’Métieën, Stagen an eventuell Studentenjoben.
Niewend der Spuerkeess ware Betriber wéi Cactus S.A., Servior, Raiffeisen, Eldoradio, Goodyear do.