News & Events

« Revenir à la liste des actualités

Visite vum Lycée privé Fieldgen

Visite vum Lycée privé Fieldgen

De 25. März huet Spuerkeess eng Rei Schüler aus dem Fieldgen emfaangen. Moies hu si eis Bank virgestallt kritt, déi verschidde Métieën déi et op enger Bank ginn an Konditiounen déi ee muss erfëlle fir agestallt ze ginn. Duerno hu mir eng Visite vun eisem Musée gemaach wou Schüler e gudden Iwwerbléck iwwert Geschicht vun der Spuerkeess kritt hunn. Dunn hu mir och nach profitéiert fir en Tour duerch den Tunnel ze dréinen an deem eng Galerie d’art contemporain dran ënnerbruecht ass. Si hunn de ganzen Dag vun der Geleeënheet profitéiert fir all méiglech Froen ze stellen.