« Revenir à la liste des actualités
Viru kuerzem huet d’Spuerkeess Studenten an den Disziplinnen “Wirtschaftsingénieur” an “Ingénieur commercial” op en flott Iessen invitéiert, fir hinnen déi verschidden Beruffsméiglechkeeten op enger Bank virzestellen. Déi ekonomesch Kenntnisser, kombinéiert mat den techneschen Kompetenzen kennen eng réel Plusvalue fir eng Bank bréngen an déi jonk Studenten hunn d’Spuerkeess als en interessanten, potentiellen Employeur entdeckt.