News & Events

1er septembre 2021: Bienvenue aux 8 nouveaux collaborateurs

Spuerkeess souhaite la Bienvenue aux 8 nouveaux collaborateurs qui viennent de débuter au sein de notre Banque.

1er août 2021: Bienvenue aux 10 nouveaux collaborateurs

Spuerkeess souhaite la Bienvenue aux 10 nouveaux collaborateurs qui viennent de débuter au sein de notre Banque.

News & Events

« Revenir à la liste des actualités

ASCHREIWUNG : AfterStudy@Spuerkeess den 7. Juli 2017

Du bass am Endspurt vun denge Studien am Beräich Wirtschaftsinformatik, Wirtschaftsingénieur oder Mathematik a fänks un dir Gedanken iwwer deng berufflech Zukunft ze maachen?

Du kanns dir net onbedéngt virstellen, spéider op enger Bank ze schaffen?

Mir wëllen dir weisen, dass et grad mat dengem Diplom interessant a spannend Méiglechkeeten op eiser Bank ginn, andeems mir dech op eisen AfterStudy@Spuerkeess invitéieren.

Dësen Event fënnt de 7. Juli 2017 um 17:00 Auer am 19 Liberté (fréiert ARBED-Gebai) an der Stad statt.

Fir verschidde Servicer stellen deng ekonomesch Kenntnisser, kombinéiert mat dengen technesche Kompetenzen, eng reell Plus-value duer. An engem oppenen an ongezwongene Kader stellen d’Responsabel vun deene Servicer hir Aktivitéiten an hiren Alldaag vir.

D’Recruteure vun der Spuerkeess sinn och op der Plaz fir dir Informatiounen iwwer deng eventuell Karriärsméiglechkeeten, den Encadrement an d’Formatioun ze ginn.

Bass du interesséiert? Da schreif dech haut nach an!

D’Bank behält sech d’Recht vir, déi Kandidaten, déi de Kritären net entspriechen, net ze berücksichtegen. Du gëss awer an deem Fall vun eis informéiert.