News & Events

1er juin 2018: Bienvenue aux 5 nouveaux collaborateurs

La BCEE souhaite la Bienvenue aux 5 nouveaux collaborateurs qui viennent de débuter au sein de notre Banque.

ASCHREIWUNG : JOBDAY 30. Juni 2018

D'Spuerkeess invitéiert Dech op hiren Jobday.

Méi Infos an Aschreiwung hei ››

News & Events

« Revenir à la liste des actualités

ASCHREIWUNG : JOBDAY 30. Juni 2018

Du hues Deng Lycées – oder Bachelorstudien am Beräich Economie oder Commerce ofgeschloss?

Du bass voller Enthusiasmus a Motivatioun fir am Kontakt mam Client ze schaffen?

D’Spuerkeess invitéiert Dech op hiren Jobday, wou jonk Mataarbechter aus den Agencen Dir en Abléck an hire Beruffsalldag ginn. Fir dee Beräich sicht d’Bank virun allem jonk Leit mat engem Premièresdiplom (classique a général, section GGE oder GCG) oder engem Bachelordiplom.

Dëst Evenement fënnt e Samschdeg den 30. Juni 2018 an eiser Agence Lampertsbierg (33, Allée Scheffer L-2520 Luxembourg) statt. An engem oppenen an ongezwongene Kader kriss du Äntwerten op all Deng Froen. D’Recruteure vun der Spuerkeess sinn och op der Plaz fir mat Dir en Astellungsgespréich ze maachen a mat Dir iwwer Deng eventuell Karriärsméiglechkeeten ze schwätzen. Si erklären Dir op wat beim Kandidat Wäert geluecht gëtt a wéi den Encadrement an d’Formatioun ausgesi wann ee bis agestallt ass.

Bass Du interesséiert? Da schreif Dech haut nach an, well d’Plaze si limitéiert!

Du kriss direkt duerno ee Mail geschéckt fir Dir ze bestätegen, dass d’Umeldung ukomm ass.

D’Bank behält sech d’Recht vir, déi Kandidaten, déi de Kritären net entspriechen, net ze berücksichtegen. Du gëss awer an deem Fall vun eis informéiert.