News & Events

ASCHREIWUNG : JOBDAY 6. Juli 2019

D'Spuerkeess invitéiert Dech op hiren Jobday.

Méi Infos an Aschreiwung hei ››

3 juin 2019: Bienvenue aux 12 nouveaux collaborateur

La BCEE souhaite la Bienvenue aux 12 nouveaux collaborateurs qui viennent de débuter au sein de notre Banque. 

News & Events

« Revenir à la liste des actualités

ASCHREIWUNG : JOBDAY 6. Juli 2019

Du hues Deng Lycées – oder Bachelorstudien am Beräich Economie oder Commerce ofgeschloss?

Du bass voller Enthusiasmus a Motivatioun fir am Kontakt mam Client ze schaffen?

D’Spuerkeess invitéiert Dech op hiren Jobday, wou jonk Mataarbechter aus den Agencen Dir en Abléck an hire Beruffsalldag ginn. Fir dee Beräich sicht d’Bank virun allem jonk Leit mat engem Premièresdiplom (classique an général, section GGE oder GCG) oder engem Bachelordiplom.

Dëst Evenement fënnt den 6. Juli 2019 an eiser Agence Lampertsbierg (33, Allée Scheffer L-2520 Luxembourg) statt. An engem oppenen an ongezwongene Kader kriss du Äntwerten op all Deng Froen. D’Recruteure vun der Spuerkeess sinn och op der Platz fir mat dir en Astellungsgespréich ze maan an mat Dir iwwer Deng eventuell Karriärsméiglechkeeten ze schwätzen. Si erklären Dir op wat beim Kandidat Wäert geluecht gëtt a wéi den Encadrement an d’Formatioun ausgesi wan nee bis agestallt ass.

Bass Du interesséiert? Da schreif Dech haut nach an, well d’Plaze si limitéiert!

Du kriss direct duerno ee Mail geschéckt fir Dir ze bestätegen, dass d’Umeldung ukomm ass.

D’Bank behält sech d’Recht vir, déi Kandidaten, déi de Kritären net entspriechen, net ze berücksichtegen. Du gëss awer an deem Fall vun eis informéiert.