D’Beruffer am Kreditwiesen

Risiko-Bewäertung, Gestioun vu Kreditprodukter, Suivi vun de spezifeschen Besoine vu groussen Entreprisen: Fir d’Kreditaktivitéite musse vill Mataarbechter an deene verschiddene Beruffer zesummeschaffen.

  • Är Missioun „Risiko-Bewäertung“ besteet doranner, d’Finanzéierungsufroe vu Privatleit, vu PMEen an institutionelle Clienten ze traitéieren an z’analyséieren. Op dëser Basis stellt Dir d’Ufro-Dossieren zesummen, déi deenen zoustännegen, interne Comitéë weidergi ginn, fir datt dës eng Entscheedung treffe kënnen.
  • De Back-office vun de Kreditter këmmert sech ëm déi technesch Gestioun vun alle Produkter, déi mat „Prêten a Kreditter“ vun der Spuerkeess ze dinn hunn. Dozou gehéieren d’Garanties bancairen an de Leasing. Esou bal wéi d’Clientsdemande vum Risiko-Bewäertungs-Service bestätegt gouf, sidd Dir dofir zoustänneg, fir all Démarchen ze maachen, fir de Finanzement ze realiséieren. Duerno iwwerhuelt Dir dann déi alldeeglech Gestioun. Dofir musst Dir och de Kontakt mat eise Clienten oprechterhalen.
  • Am Service Front-office „corporate“ schaaft Dir nei Kontakter mat groussen Entreprisen, Dir berot a begleet si. Dir entwéckelt d’Multiproduit-Demandë fir den ëffentlechen Secteur a gitt gefrot, fir beim Opstelle vu komplexen Dossieren matzehëllefen.