D’Beruffer, déi mat de Finanzmäert zesummenhänken

Fir hir Aktivitéiten op de Finanzmäert ze realiséieren, stëtzt d’Spuerkeess sech op d’Wëssen a Kënne vun enger Rei vu Professionellen am Front-, Middle- a Back-office.

  • Am Front-office hëlt den Trader Stellung zu de Mäert, déi en duerno geréiere muss. Hie wéckelt fir Drëtt (Fongen, Institutiounen, Banken, Entreprisen, Privatleit…) Placementer oder Hedgingen op de Mäert of. Den Trader ass ganz dacks spezialiséiert op eng Zort vu Produkt oder eng Währung. Matsen am Häerz vun der Salle des marchés hält den Trader enke Kontakt mat Ökonomen, Informatiker, senge Partner am Middle-office a Back-office esou wéi mat de Risque-Kontrolleren.

D’Aktivitéiten op de Finanzmäert sinn d’Gestioun vun de Portfeuillen (Obligatiounen), de Suivi vun de Mäert (Tendenzen, Nei-Emissiounen, d’Evolutioun vun den Débiteuren) an d’Propositiounen un de Client (Privatleit oder Professioneller) fir de Kaf, de Verkaf oder de Switch an d’Analys vun Abitrage-Méiglechkeeten.

  • De Correspondant-Banker ass zoustänneg fir e Geschäftsfong, deen aus auslännesche Schwësterbanke besteet. Hie schaaft an ënnerhält e Partner-Netzwierk. Esou kann hien op all Produkt, dat international vekaaft gëtt, schaffen.
  • De Middle-office huet den Optrag, fir d’Maartaktivitéiten verwaltungstechnesch ze suivéieren an d’Risquen ze kontrolléieren. Hie garantéiert d’Sécherheet vun der Gestioun duerch d’genee Bewäertung vun de Präisser, de Risquen an de Performancen. Stänneg Reportinge gi fir d’Hierarchie ausgeschafft.
  • De Responsabel vum Back-office steet fir d’Anhale vun de Prozeduren an hir Weiderentwécklung. Hien hëlt un der Verbesserung vun den Informatiks-, Applikatiouns- a Fichiersprogrammen deel. Hien iwwerwaacht déi elektronesch Verwaltung vun de Messagen an de Boursenopträg. Hie verdeelt déi alldeeglech Aarbechten, fir eng global Vue vun allen Operatiounen ze hunn, déi ausgefouert gi mussen. Esou gëtt de Rendement erhéicht a gläichzäiteg de Feelerrisque begrenzt. Hie passt op d’Délaien an d’Qualitéit vun der Ausféierung op.