D’Beruffer am Agencen-Netzwierk

Mat ongeféier 60 Agencen, verdeelt iwwert d’ganzt Land, verfüügt d’Spuerkeess iwwert dat enkst Netzwierk zu Lëtzebuerg. D’Expertise, d’Nolauschteren an d’Disponibilitéit sinn déi noutwenneg Qualitéiten, fir an den Agence Carrière ze maachen. Am Alldag bedeit Äre Beruff an enger Agence:

  • Déi alldeeglech Bankgeschäfter vun eise Clienten am Guichet ausféieren (Opmaache vun engem Konto, Verkafe vu Bankeprodukten, Iwwerweisungen, Abezuelen, Ierfschaftsgestioun asw.);
  • Dem Client perséinlech Prêten ubidden, déi um beschten senge Bedierfnesser entspriechen;
  • De Client a Saache Steierprodukter beroden.

An enger Agence kann et sinn, datt Är Expertise och a folgende Beruffer gefrot wäert sinn:

  • Beroder am Placement. Hei heescht et, eng Vertrauensbezéiung op laang Dauer mat eise Clienten opzebauen a si, op der Basis vun Investmentvirschléi vum BCEE Asset Management, esou ze beroden, fir hir Portefeuillen optimal ze géréieren.
  • Corporate Spezialist. Dir huelt d’Demandë vun eisen Entreprise-Clienten op, Dir féiert hir alldeeglech Bankgeschäfter aus, gitt PMEen akquiréieren a baut eng Vertrauensbezéiung op laang Dauer zu hinnen op.