Ären Dossier zesummestellen

Är Demande gutt virbereeden

Wéi kënnt Dir all Chancen op Ärer Säit hunn, fir de gewënschten Job bei der Spuerkeess ze kréien? D’Rezept ass einfach: Soignéiert Är Demande a bleift ganz Dir selwer. Hei e puer praktesch Rotschléi, fir Iech gutt op all eenzel Etapp vun der „procédure de recrutement“ virzebereeden.

D’schrëftlech Demande

An Ärer schrëftlecher Demande däerfe folgend Elementer net feelen:

  • Är Referenze vu viregte Plazen;
  • Är Intérêten an Erwaardungen par rapport zu der gewënschter Plaz;
  • Är besonnesch Viraussetzungen an Är Motivatiounen.

Liewenslaf

Stellt eis Äre Liewenslaf zesummefaassend duer, dat heescht:

  • Är perséinlech Donneeën (Numm, Virnumm, Adress an E-Mail-Adress, Telefonsnummer, Gebuertsdatum a Plaz, wou Dir op d’Welt koumt, Nationalitéit an Zivilstand);
  • Är Schoulen a vireg Beruffserfahrungen;
  • Är Sproochen- an Informatikkenntnisser;
  • Är Hobbien an nieweberufflech Aktivitéiten.

Virstellungsgespréich

Wann Äre Profil eis interesséiert, kontaktéiere mir Iech fir en éischt Virstellungsgespréich. Fir dëse Rendez-vous gutt virzebereeden, rode mir Iech folgendes:

  • iwwerliest Äre Liewenslaf an Är schrëftlech Demande;
  • iwwerleet, wat Dir zu Ärer Perséinlechkeet, Äre Motivatiounen, Ärer Aarbechtsapproche an Ärem Teamgeescht soe kënnt;
  • informéiert Iech generell iwwert d’Bankaktivitéiten a méi spezifesch iwwert déi gewënschte Plaz;
  • schreift méiglech Froen op, déi Dir Iech stellt;
  • preparéiert déi praktesch Detailer (Auerzäit vum Rendez-vous, den Numm vun der/de Kontaktpersoun/en, Transportméiglechkeet, ...) an ditt adaptéiert Kleedung un.

Am Gespréich rode mir Iech, kloer, präzis an éierlech Äntwerten ze ginn. Wann Dir eng gutt Impressioun hannerloosse wëllt, sollt Dir pünktlech, natierlech, héiflech an oppen sinn.

D’Astellungsprozedur

Wann Är Kandidatur ausgewielt gëtt, enthält den Oflaf vun enger Demande am Prinzip folgend Etappen:

  • dat éischt Virstellungsgespréich mat engem vun eise Leit, déi fir de Recrutement zoustänneg sinn;
  • en zweet Virstellungsgespréich mat dem Personalchef oder sengem Stellvertrieder esou wéi de Verantwortleche vum Service, dee rekrutéiert;
  • verschidden Astellungstester.

Déi definitiv Entscheedung fir anzestellen, gëtt vun der Commission de recrutement getraff.