News & Events

« Revenir à la liste des actualités

21. Dezember 2016: Trefft eis Recruteuren

Den 21. Dezember as déi 33. Editioun vun der Rencontre Entreprises Etudiants, organiséiert vun de Studentenorganisatiounen ANESEC an ANELD.

Kommt op de Stand vun der Spuerkeess fir all Informatiounen iwwert de Recrutement bei der Spuerkeess ze kréien. Begéint eis Recruteuren, déi Iech een Feedback zu ärem CV an ärer Lettre de Motivation ginn an Iech är Méiglechkeeten op der Spuerkeess presentéieren. Eis Mataarbechter stinn zu ärer Verfügung vun 14:00 bis 18:00 Auer an der Chambre de Commerce um Kierchbierg.

Mir freeën eis, Iech kennenzeléieren!